EIS SERVICER
Mir bidden Iech eng professionell Ofklärung a Behandlung vun Ären nephrologesche Krankheeten am Aklang mam aktuelle Wëssensstand. Fir och déi komplizéiert Krankheetsfäll op déi beschtméiglech Manéier ze behandelen, ginn dës an eisem Team diskutéiert.
Wat mir behandelen:
Allgemeng Nephrologie, akut Niereversoen, chronescht Niereversoen, Hypertonie, Bewäertung vun Nieresteng, Glomerulonephritis, systemesch Autoimmunerkrankungen, Elektrolytenstéirungen, Nierebiopsie (Centre Hospitalier du Nord), Hämodialyse (Centre Hospitalier du Nord), Peritoneal Dialyse (Centre Hospitalier du Nord), Nierentransplantatioun (an Zesummenaarbecht mam Centre Hospitalier Universitaire de Liège an Universitair Ziekenhuis Brussel).
Wéi eng Ënnersichungen mir ubidden:
- Ultraschall vum Bauch an der Schilddrüs
- Ultraschall vun Dialysefistelen
- Duplex Ennersichung vun den Nieren
- Urinmikroskopie
- 24h Bluttdrockmiessung